#6 De Colis vu muer

Show notes

D'Globaliséierung an de Fakt, dass mir e Produit, dee sech entweder hei oder an engem ganz anere Land befënnt, kuerzfristeg an der Hand wëllen hunn, bréngt nei Erausfuerderunge mat sech, fir déi konstant innovativ an nohalteg Léisunge musse gesicht ginn. Den Direkter vu POST Courier a Logistics Mario Treinen gëtt eis een Abléck, wéi sech dësen Domaine an de leschte Joren entwéckelt huet a wéi si verstäerkt nach méi lokal wëllen agéiere mam Zil, den ökologesche Foussofdrock ze verkléngen. An dësem Weiderentwécklungsprozess huet POST Student*innen aus dem Arts et Métiers matagebonnen.

Den Talenthub vum Lycée des Arts et Métiers huet am Kader vun hirer Power Week zesumme mat POST een Hackathon organiséiert, bei deem Studentinne vun de BTS’en Léisungen entwéckelt a virun der Direktioun vu POST gepitcht hunn. Encadréiert goufen d’Studentinne vum Patrick Reisdorff, Member vum Post Innovation Support Team. Säitens dem Arts et Métiers betounen den David Reinartz, stellvertriedenden Direkter an de Benoit Fortemps, Coordinateur vum Talenthub, wéi wichteg esou Kollaboratioune fir d'Schoul sinn.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.