
#8 Numérique responsable
"RSE by design" sinn, dat ass d'Zil vu Post Luxembourg – an dozou gehéiert den Numérique responsable.
Dës Episod dréit sech also ëm de verantwortungsvollen Ëmgang mat digitalen Technologien. Vum éischten Apple Certified Repair Center an Europa bis op bei e méi inklusive Service Client : Den Direkter vu Post Telecom Cliff Konsbruck erzielt, wat Post ënnerhëlt, fir hir Offer esou nohalteg wéi méiglech ze maachen.
Post gesäit seng Responsabilitéit awer och am Sensibiliséieren. Dofir hunn si virun e puer Méint ee Workshop organiséiert, bei deem Mataarbechter*innen a Partner invitéiert waren. De Vincent Courboulay, Co-Founder an Directeur scientifique vum Institut...